Lamas:
D'Lama an Alpaka gehéieren zu der Famill vun de Kaméilen, méi genau nach zu de Kameliden aus der Neierwelt. D'Urkamelide stamen aus Nordamerika, an am Verlaf vun der Zäit ass een Deel iwwer Mëttel- no Südamerika gewandert. Doraus hun sech déi südamerikanesch Klengkaméilen, Neiweltkameliden entwéckelt. Déi well Form vun dëser Gattung sinn d' Guanakos an d' Vikunjas, déi scho viru 6000-7000 Joer vun den Indios domestikéiert goufen. Aus dem Vikunja ass d'Alpaka geziicht ginn, wat haaptsächlech als Woll-Liwwerant dengt. Aus dem Guanako ass gezielt en groussrahmegt, robust a wellecht Lama geziicht ginn, dat bei dem entspriechendem Training, eng Laascht vu bis zu 20% vun sengem Kierpergewiicht droe kan. D'Lama huet eng Schëllerhéicht vun 1m, an en ausgewuessent Déier ass tëschent 100-180 kg schwéier. Lamae si virwëtzeg, meeschtens roueg an zeréckhalend Häerdendéier, déi een net alleng hale soll. Si sinn territorial an hunn eng streng Ranguerdnung. Speitzen ass eng Ausdrocksform vun der Ranguerdnung innerhalb der Häerd. Speitze gëtt och als eng Form vun der Verteidegung agesat, well si matt Bäissen a Feissrennen hirem Géigner net vill uriichte kennen. Et ass eichter seelen datt en Lama op en Mënsch speitzt. Ënnertenee kommunizéieren d'Lamaen duerch eng Aart Summen, an duerch hier Kierperhaltung, speziell matt den Oueren an dem Schwanz.
Lamae si roueg a frëndlech Deieren déi zimlech virwëtzeg sinn, an déi awer eng natierlech Distanz behalen. D'Lamae si sensibel a ganz einfühlsam Déieren. Si bewegen sech net hektesch, sinn ausserdeem zimlech intelligent a léiere ganz schnell. Wéinst dësen Eegenschafte sinn si gutt geegend an der Arbescht matt Déierenënnerstëtzten Interventiounen.
Déierenënnerstëtzt Interventioun (Tiergestützte Intervention=TGI) matt Lamaen:
Déierenënnerstëtzt heescht, matt Ënnerstëtzung/Hëllef vun Déiere geleeten Interventiounen. D'Leedung vun der Interventioun soll ëmmer vun enger ausgebilter Persoun ausgoen, déi hier Déiere fir déi jeeweileg Interventiounen ausgebilt huet. Bei den Interventioune gëtt den direkte Kontakt zum Deier, säin Ëmfeld an Liewensraum genotzt. Dat kann z.B. sinn duerch Upake vum Lama, Spadséiere goen, oder och just beobachte vun den Déieren, matt deelhuele bei der Versuergung a Fleeg vun den Déieren an hirem Liewensraum.
TGI ginn ënnerdeelt an:
TG-Aktivitéiten/Fërderungen: Moossnamen déi Motivatioun erausfuerderen, bilden an erhuelsam sinn, z.B.: Lamawanderungen, Kannergebuertsdag...
TG-Pädagogik: ënnerstëtzt de Léier- oder Trainingsprozess duerch de gezielten Asatz vun Déieren a pädagogesche Settings. Besonnesche Schwéierpunkt läit an dem Beräich, wou d Präsenz oder den Asatz extra förderlech ass wei zum Beispill an der sozialer Entwécklung. Hei gëtt 'Deier entweder direkt als Léiersubjekt agesat, oder et erliichtert de pädagogesche Prozess an den Opbau vun enger pädagogescher Bezéiung. z.B.: Schoulklassen, Managertraining oder aner Gruppen
TG-Therapie: ass en Bestanddeel vun der Aarbecht vun engem professionell ausgebiltem Therapeut. Et ass eng zilgeriichten therapeutesch Interventioun, an der en Déier matt spezifeschen Eegenschaften integrale Bestanddeel vum Behandlungsprozess ass. z.B.: Eenzeleenheete bei Beanträchtegung am physeschen, psycheschen oder sozioemotionale Beräich.
Méiglech Zilgruppen:
Kanner an/oder Erwuessener, Familljen a Gruppen déi Freed matt Deieren an an der Natur hunn.
Ausserdeem och Kanner, Jugendlecher an Erwuessener mat autistesche Problemer, kierperlech an/oder geeschteg Behënnerung, Suchtproblemer, Trauma oder Phobien.
Wat kann TGI bewierken:
Fuerderung vum ganzheetlechen Léieren duerch Déieren
Léieren an Anhalen vun Regelen an Grenzen
Léieren vun Verantwortungsgefill
Stäerkung vun Sozialverhaalen
Stäerkung vum Selbstwäertgefill, Selbstvertrauen, Duerchhaalungsvermeigen an Stressreduktioun
Verbesserung vun der Konzentratioun an Opmierksamkeet
Verbesserung vun der Motorik an dem Kierpergefill
Ureegung an Ënnerstëtzung vun der Sprooch an Kommunikatioun
Wann dir un enger TGI intresséiert sidd, dann mellt iech bei mir: